Enquêteuren fir all lëtzebuerger Régiounen

Beschréiwung vun der Missioun

Mir sichen Enquêteuren fir all lëtzebuerger Régiounen ( fir den Süden , fir den Norden, ofhängeg dovun wou Dir wunnt ).
Loun: qualifizéierten Mindestloun : 15.2735€ Bruto/Stonn
40St/Woche
Beschréiwung vun der Missioun:

Dir gidd bei Leit fir un Hand vun enger Tablet eng Etude ze présentéieren. Et geet drëms d’Leit ze sollicitéieren fir un enger internationaler Online Étude deelzehuelen. Bei Interessi kréien déi Leit eng zouen Enveloppe mat Coden a Passwieder déi et hinnen erméiglécht de Questionnaire selwer online auszefëllen.

D'Kandidaten mussen fir d'eischt un enger Formatioun vun 5 Stonnen deelhuelen. Nodeems des formatioun absolvéiert gouf, kennen d'Kandidaten bei all Emfro matmaachen ouni mussen déi initial Formatioun nach eng Kéier ze maachen.

Schaffzaiten : vun 13:00-19:30 während der Woch, an vun 10:00-18:00 (mat 30min Paus) en Samschdeg.
Den Kandidat huet d'Méiglegkeet sech 1 Dag während der Woch fräi ze huelen (29,5 Stonnen schaffen) wann den dat wëll (et ass net obligatoresch).
Ewéi erwéint, beim Loun handelt et sech um den qualifizéierten Mindestloun, et gin och Déplacementskäschten, wann den Enquêteur während der Schaffzäit säin Auto muss benotzen ouni bezuelten Fuerkäschten, mee et besteet d'Meiglegkeet en Bonus ze erhalen unhand vun der Unzuel vun den gemeeten Emfroen.

Äre Profil

Obligatoresch: En Auto an en Handy besëtzen
Sprochen: LËTZEBUERGESCH obligatoresch an franséisch
Den Menschenkontakt fällt Iech liicht an dir hudd Erfahrung am Verkaaf oder Klientenberodung
Dir sidd roueg un hudd eng gudd Presentatioun.
Dir wunnt zu Lëtzebuerg oder an der Grenzregioun
Dir sidd motivéiert och dobaussen beim verreenten Wieder ze schaffen.

Wéi sech bewerben?

Schéckt Är Bewerbung un contact@ghinterim.lu
GH intérim, Get Hired!

Lieu

Luxembourg

Date de publication

11.06.2021

Autres détails
Critères de matching
Voir tous les postes